mardi, octobre 31, 2006
J - 5
Méi 30.10. 11 km locker
Dë 31.11. 8 km DL
dimanche, octobre 29, 2006
Marathontraining ofgeschloss
Dat war et. De leschten 36er war hard, ech hat nees e Krämpchen duerch den Ischiasnerv no...500m. Duerno war ech einfach nemme midd, de Josi huet déi ganzen Zäit gezun, awer no 2h war heen doheem. Duerno konnt ech nach iwer Monnerech, Eilereng e leschten Tuer iwer Esch (Bd. Prince Henri, Gare, Route de Luxbg) dréinen, an no36 km an 2h53 war ech net méi gudd fir heeschen ze goen, déi lescht 3 Steigerungen waren hiere Numm net wert. 2Krämpercher en plus, soss war alt déi lescht Séance eng Apotheos, en Triumphlaaf ouni Middegkeet. Des Kéier war ech och net midd, allerdings hat ech eventuell d'1000er vun Donneschdes nach an de Been (3'15'' ass awer schnell). Samschdes hun ech dunn aus Erhuelungsgrenn d'Sauna flutsche gelooss, an haut mat de Bouwen e lockeren, deelweis zügegen DL gemaach. An elo get sou richteg getapert. An ouni Bordeaux, dee get et just Sonndes. Lo kann et lassgoen.
Dë 24.10. 29km, 2x10km MT:36'07''-500m P-36'09'', Puls 170-174
Më 25.10. 8 km DL regenerativ
Do 26.10. 17 km, 5x1000m->3'15''-3-16'' (3'11'')-500m P
Fr 27.10. 36 km DL
Sa 28.10. -
So 29.10.26 km DL locker bis zügeg
samedi, octobre 28, 2006
Frage nicht beantwortet
jeudi, octobre 26, 2006
mercredi, octobre 25, 2006
Et rullt !
Domat wier d'Bier geschielt, lo muss ech ab e Samschden nach vill raschten. Op engem flaache Parcours kann ech domat 2h36' lafen, zu NY enner 2h40'. Domat ass eng Top 100 dran...
lundi, octobre 23, 2006
Histoire d'Ours
"Libération", 20,10.2006
Alles erem a Botter. Den Ischiasnerv hat eng kleng erwöscht, mee mat e besse Codein ass et eweggaangen. Déi lescht grouss Séance sin 2x10km oder sou ähnlech en Dënschden, an da geet et schon an d'Erhuelungsphas.
Leschte Sonnde mat guddem Wieder? Opjidde Fall hu mer et all genoss.
Do 19.10. 23 km, 1-2-3-3-2-1km schnell-500mP (3'15''-3'27''/km)
Fr 20.10. 15 km DL
Sa 21.10. 22 km DL, mat 5 Steigerungen
So 22.10. 37 km DL, dovun déi lescht 60' schnell (15,5km/h)
Méi 23.10.15 km DL
jeudi, octobre 19, 2006
An elo ?
"Claude:
Thank you for your e-mail. Your 1:14:30 half-marathon result is
very helpful and we welcome you to the sub-elite starting group for the ING
New York City Marathon 2006. "Sub-Elite Program Building on a sub-elite initiative that began in 2004, the ING New York City Marathon 2006 is offering an enhanced start experience for the most competitive non-professional entrants. The program is open to men who plan to run between 2:20 and 2:35 and women in the 2:55-3:05 range. Included are: dedicated transportation to the start, a special staging area, a clear starting position at the front of the orange start, and a dedicated baggage/reunion area at the finish. Any interested, eligible runners should email Sam Grotewold at: sgrotewold@nyrr.org.
Dat heescht dass ech bei +/- den éischten 100 fortlafen.
Da muss ech nach e bessen trainéieren.
Méi 16.10. 7 km GANZ lues, Zéien am Been
Dë 17.10. 0 km, Kiné
Më 18.10. 25 km DL
lundi, octobre 16, 2006
dimanche, octobre 15, 2006
Gudd Woch, mee...
Op flaacher Streck kéint ech d'Fenster op 2h36'-2h38' begrenzen.
Allerdings hune ech mer (wahrscheinlech en Donneschden) eng Zerrung gebaut, an et zitt kräfteg uewen am Been. Den nächsten Training probéieren ech 1h op 5'30''/km ze lafen, ouni dass et wéideet. An eréischt da gesi mer virun.
Méi 09.10. 15 km DL
Dë 10.10 26 km, 10+7 km-> MT (36'10''-500m P - 25'34'')
Më 11.10. 17 km DL
Do 12.10. 24 km, 10x1000m-3'19''(3'11'') - 500 m P
Fr 13.10. 15 km DL
Sa 14.10. 22 km DL, mat 5 Steigerungen
So 15.10. 37 km DL, dovun déi lescht 12 km séier (+/-3'50''/km, allerdings op 15 km + 4' <-> 2004, Puls och méi niddereg, net am Rouden)
J-21
lundi, octobre 09, 2006
J-28
4°C
An décken Niwel iwer ronn 20 km. 3'50"-3'55" / km lafen sech am Fong ganz agreabel, souguer no 30 km. Nächste Sonnde probéieren ech, déi lescht 20' bis 3'40"/km erofzekommen. Plein gaz.
Më 04.10. 17 km DL
Do 05.10. 25 km, 2x8 km->3'40"/km - 4'P
Fr 06.10. 15 km DL
Sa 07.10 22 km DL, mat 5 Steigerungen
So 08.10. 37 km, lescht 40' MT
jeudi, octobre 05, 2006
Pre-impressions
mercredi, octobre 04, 2006
Champions !!!
Mam Resultat, dass d'Fola elo Champion ass. Mat 3 Portugiesen ! (héhé).
Déi därfen dann 2007 op d'Coupe d'Europe de semi-marathon (meeschtens a ... Portugal)
Dë 04.10. 23 km, 6x2000m->7'- 500m P, vill Reen
mardi, octobre 03, 2006
RAMAALA an LEL
Elo kréien ech et nach méi schwéier, op de Podium ze kommen...
http://www.worldmarathonmajors.com/US/news.php?newsid=94