dimanche, mai 28, 2006

Pulswerter

Hei gesäit ee gudd, wéi ech d'Handbrems gezun hun:
bei 1h15' krut ech et mat der Angscht ze din, eng Verhäerdung uewen am Been an e Puls vun 174, dat war mer ze riskant. Wann et souwisou näischt ze huele get, da léisst een d'Fangeren dervun an et probéiert een iergendwéi heem ze kommen. Mission accomplie.
NY ka kommen.

Impressions marathon






d'Mary Poppins

Dat war flott !


...awer nemme well ech mech net gegäisselt hun. Ech sin 1h20' op helwer Streck duerchgaang.
Do wousst ech jo schon dass net allzevill méi ging lafen. Wéi ech dunn nach een iwerholl hun dee wollt 2h45 lafen, hun ech en e besse gezun. Do si mer da locker 4'/km gelaf...locker bis op d'roud Bréck. Mat vill Méi wieren 2h42' dragewiescht, an dann nach nemmen an engem Grupp.
Sou sin ech och net gebrach an ech kann an 12 Deeg fit zu Piacenza lafen (30' op enger 400m-Piste). Elo get et sech emol epuer Deeg gudd geholl...

Zur Organisatioun: décke GAS (virun allem d'Zuschauer am Zentrum!!!). Verbesserungsfäheg ass just vläit d'Opstellung vun de Becheren: d'Organisateuren haten nach nie Isostar an den Aen an an der Nues, soss hätte se d'Becher mam Wasser no dene mat Elektrolyt opgestallt. Da kann ee sech wéinstens wäschen. Dass een sechno 37 km mat Hallefmarathon-Läiche muss eremploen, assoch net sou ganz glécklech. Mee dovunner ware wahrscheinlech déi mannste betraff...

Fazit: et war e flotten Nomëtten. Vun Nuet leider keng Spur.

dimanche, mai 21, 2006

Nach 6 Deeg

Méi 15.05. 14,5 km DL

651-561

Ech sin de Fynn

Dë 16.05. 25 km, 2x10000m->36'25''-36'22''-500mP
Do 18.05. 37 km DL Bësch, 2h54', easy
Bobo:Tendinite enner dem Knéi, 2d P (am Prinzip kéint ech lafen, traue mech awer net)
So 21.05. 15 km DL,um Schluss méi séier (Puls bis 165 bpm)

D'Lydie seet: schreiws de rem déng Mémoiren?
Wéivill mol's de hanner d'Heck wars?

jeudi, mai 18, 2006

______________Finito_____________

Dat war et.
De leschte 37er,an elo eng gudd Fläsch Béier.
Den Detail vun de Séance kennt eng aner Kéier no. Elo heescht et raschten an (hoffentlech) net zevill ..iessen.

dimanche, mai 14, 2006

Kurz viru Schluss

circusarasani

Sou, dat war et. Enfin, presque. Lo bleiwen nach 2x10km en Denschden (340''/km?) an e laangen DL (36-38km, à l'aise) en Donneschen, an da kann ech och näischt méi änneren. Eng Prognos get et e Mëttwoch. Iwerdriwen hun ech net, awer wann ech dem Josi séng Séancen héieren, da get et mer ellen: 14x2km-Parcours(=2080m koppeg, 8'10''/tour!). Wann den duerch kennt, dann ass e wäit vir. D'300er hun ech gemaach, fir sprëtzeg ze bleiwen. Ech mierken, dass ech verdammt lues gi sin. Ech muss jo nach am Juni op Piacenza eng Staffel wanne goen (:-))

So 07.05. 20 km, 15x300m->57''(1'15''P=200m)
Méi 08.05. 14,5km DL
Dë 09.05. 22 km, 4x3000m->10'17''-10'22'' (500mP)
Më 10.05. 15 km DL (zu Kerkrade)
Do 11.05. 38 km crescendo, ofgebrach bei 28 km , duerno nach 2 km séier (26°C, net vill
geschlof, Waasseropnahm net optimal - Isostar klappt net emmer)
Sa 13.05. 17 km DL
So 14.05. 17,5 km, 10x300+5x200m-200mP, nemmen net midd gin



vendredi, mai 05, 2006

Wow

Haut sin ech geflunn,schon no 9 km 3' Avance op en normale Sonndeslaf. Ab 15 km gesteigert, ab 22 séier, bei 25 am Biergof de Stach, an du war dat et. Ech konnt zwar nach liicht relancéieren, awer de Rythmus war gebrach. Op flacher Streck hätt haut d'Loft gebrannt. Egal, midd sin ech net.

Fr 05.05. 36 km DL (50% Crescendo)

Op Kurs bleiwen

...wat de Volume ugeet . Des Woch wollt ech dënschdes 4x3000m mâachen, war awer nach ze midd no de 37km vun e Sonnden. Kee Wonner, virun 2 Joer waren emmer 2 erhuelsam Deeg zweschent 2 harde Séancen. Dat hat ech wuel vergiess, well wéi ech no 1 km (3'35'') gekuckt hun, war ech schon ziemlech um Enn. A Loscht hat ech iwerhaapt keng. Glécklecherweis kommen elo just nach 1000er an 2x10, an da war et dat.
Et get Zäit.
Sa 29.04. 21 km DL
So 30.04. 37 km DL, lescht 8 km séier (mam Rachid, lues war et nie...)
Méi 01.05. 17,5 km locker, awer net lues
Dë 02.05. 21,5 km DL (midd)
Më 03.05. 17,5 km FS 7-6-5-4-3-2-1' mat 3-3-3-2'30''-2-1'P
Do 04.05 21 km lues zu Düsseldorf (6h15)