vendredi, décembre 29, 2006

Paris 28.12.2006

Centre Georges Pompidou






LIBÄR ARALD,



ich mochte mir bedanken für die Bir die du mir geschicken ast. Hat alle so schön geprickelt in mein Bauchnabel, ich dir abär nicht zeigen. Beste war abär Paulanär. Ich dir wünschen auch ein gute 2007.

jeudi, décembre 21, 2006

Schéi Feierdeeg...

... an en neit Ziel fir 2007:














mercredi, décembre 20, 2006

And life still goes on...

Jou Freddi, et geet och ouni, resp mat manner Opwand. Nemme get een da lues wéi eng Kou.
Eischt Tempoleef säit Oktober, 5x200-300-400m. Awer nemme mam klengen Décken, an net méi sou séier.

dimanche, décembre 10, 2006

jeudi, novembre 30, 2006

mercredi, novembre 29, 2006

ALLES WEG

Elo as et esou wäit: ech si just nach en Jogger, deen fréier mol net schlecht Marathon gelaf as.
Ech hat net geduet, dass dat sou séier geet. Ech hun no all Training d'Bee wéi, a rullen deet et och net méi immens... Witzeg as et um Training, wou d'Jonge soen: éi, mär machen 12x500, mess de mat? La réponse estJEVOUSAVAISBIENDITQUEC'ESTFINI!!!!!!!!!!
Eh oui.

mardi, novembre 28, 2006

Eise guddi Josy gedopt?

Klickt op den Titel, da wësst der Alles...

lundi, novembre 20, 2006

Rockefeller Center 1933


Verletzt

An dat zum beschte Moment. Et ass mer éierlech gesot ziemlech sch...egal.
Awer e klengen Jogging géif trotzdem Spaass maachen...

9.11. 6 km
11.11. 17 km
12.11. 22 km, z.Deel intensiv
13.11. 11 km Band
14.11. Sauna
15.11. 11 km intensiv
16.11. 15 km lues
20.11. 11 km

lundi, novembre 13, 2006

Christie's 2006-11-08


Et war einfach immens, ganz zoufälleg duerch e Sall ze goen, an dem fir iwer 100 Mio $ Biller hänken. A beim Schiele séngen "Häuser" ass mer d'Geböss hänke bliwen (beim Klimt séngem Birkenwald och). Hei d'Bild vum Kirchner, wou d'Land Berlin e Problem hat, an d'Adele I oder II.


http://www.liberation.fr/culture/216510.FR.php
http://www.welt.de/data/2006/11/02/1095058.html


http://www.spiegel.de/kultur/gesellschaft/0,1518,447362,00.html

samedi, novembre 11, 2006

An de Lance?


Dee war elle midd. Läppchen. Awer am Interview mat der NY Times téinen, he wëll 2h30 lafen!
En hat eng Periostite, ass 2 Woche kee Meter gelaf, deelweis huet e souguer missen zeréck op de Velo (fir net nach méi FETT ze gin) an ass op J-7 säi längsten DL gelaaf: 16 Meilen. KAKUETT!!!

Picture by Gary Lough (alias Mr. Radcliffe)



De Fotograf war 16'' méi lues wéi de Klodizodi.

Dat war et (HEI sin d'Fotoen)


Net ze beschreiwen. A scho guer net, wann alles um rouden Teppech ofgelaf ass.
Résumé: 2h41''35''

mercredi, novembre 01, 2006

Et geet lass !




Näischt Besonnesches. Äusser dass ech net ganz fit sin, sou wéi e klenge Virüsselchen...


Mol kucke wéi den sech entwéckelt.





Më 1.11. 16 km, doranner 3x2000m->7'38''-7'16''-7'07''-500 m P op der Velospist zu Péiteng


biergop a biergof


Mar donneschden nach 40 min, an e Freide fléie mer.





Déi nächst Deeg: enner anerem e Marathon e Sonnden, eventuell en Dauerlaf Dënschdes oder Mëttwochs, an e Freide Kiné.
Dann décidéieren ech, ob ech den Trail lafen ( http://www.trail-uewersauer.net ).



mardi, octobre 31, 2006

J - 5

La tension monte. Den Trainingvolume allerdings net. Elo heescht et, net ze fett ze gin. Datass allerdings net esou einfach.

Méi 30.10. 11 km locker
Dë 31.11. 8 km DL

dimanche, octobre 29, 2006

Marathontraining ofgeschloss




Happy Halloween!!!


Dat war et. De leschten 36er war hard, ech hat nees e Krämpchen duerch den Ischiasnerv no...500m. Duerno war ech einfach nemme midd, de Josi huet déi ganzen Zäit gezun, awer no 2h war heen doheem. Duerno konnt ech nach iwer Monnerech, Eilereng e leschten Tuer iwer Esch (Bd. Prince Henri, Gare, Route de Luxbg) dréinen, an no36 km an 2h53 war ech net méi gudd fir heeschen ze goen, déi lescht 3 Steigerungen waren hiere Numm net wert. 2Krämpercher en plus, soss war alt déi lescht Séance eng Apotheos, en Triumphlaaf ouni Middegkeet. Des Kéier war ech och net midd, allerdings hat ech eventuell d'1000er vun Donneschdes nach an de Been (3'15'' ass awer schnell). Samschdes hun ech dunn aus Erhuelungsgrenn d'Sauna flutsche gelooss, an haut mat de Bouwen e lockeren, deelweis zügegen DL gemaach. An elo get sou richteg getapert. An ouni Bordeaux, dee get et just Sonndes. Lo kann et lassgoen.
Dë 24.10. 29km, 2x10km MT:36'07''-500m P-36'09'', Puls 170-174

Më 25.10. 8 km DL regenerativ

Do 26.10. 17 km, 5x1000m->3'15''-3-16'' (3'11'')-500m P

Fr 27.10. 36 km DL

Sa 28.10. -

So 29.10.26 km DL locker bis zügeg



samedi, octobre 28, 2006

Frage nicht beantwortet

(Foto aus der Revue geklaut)
De Romain well also net soen, wéivill Verbesserungspotential nach a séngem Sonn stecht.
Wann et e"Siegläufer"ass, spillt dat jo och keng Roll. Allerdings muss en trotzdem nach leide léieren, wat em fir 1500 nach fehlt. Dixit Papa.
"E gudde Leefer muss haart an domm sin. An he muss just nach haart gin".
Zitat J.G. iwer J.G., 1982

mercredi, octobre 25, 2006

Et rullt !

Dë '24.10. 29 km, 2x10 km MT-> 36'07''-500mP-36'09'' Puls bis 174

Domat wier d'Bier geschielt, lo muss ech ab e Samschden nach vill raschten. Op engem flaache Parcours kann ech domat 2h36' lafen, zu NY enner 2h40'. Domat ass eng Top 100 dran...

lundi, octobre 23, 2006

Histoire d'Ours




"Libération", 20,10.2006





Alles erem a Botter. Den Ischiasnerv hat eng kleng erwöscht, mee mat e besse Codein ass et eweggaangen. Déi lescht grouss Séance sin 2x10km oder sou ähnlech en Dënschden, an da geet et schon an d'Erhuelungsphas.


Leschte Sonnde mat guddem Wieder? Opjidde Fall hu mer et all genoss.







Do 19.10. 23 km, 1-2-3-3-2-1km schnell-500mP (3'15''-3'27''/km)


Fr 20.10. 15 km DL


Sa 21.10. 22 km DL, mat 5 Steigerungen


So 22.10. 37 km DL, dovun déi lescht 60' schnell (15,5km/h)


Méi 23.10.15 km DL

jeudi, octobre 19, 2006

An elo ?

Kiné huet mech déblockéiert (wat hat dat gekraacht). Dofir hat ech geschter e Mega-Krämpchen um Allerwertesten. Sin trotzdem bal 2h mam Antonio gelaf. Gescht krut ech des E-mail:

"Claude:
Thank you for your e-mail. Your 1:14:30 half-marathon result is
very helpful and we welcome you to the sub-elite starting group for the ING
New York City Marathon 2006. "

Sub-Elite Program Building on a sub-elite initiative that began in 2004, the ING New York City Marathon 2006 is offering an enhanced start experience for the most competitive non-professional entrants. The program is open to men who plan to run between 2:20 and 2:35 and women in the 2:55-3:05 range. Included are: dedicated transportation to the start, a special staging area, a clear starting position at the front of the orange start, and a dedicated baggage/reunion area at the finish. Any interested, eligible runners should email Sam Grotewold at: sgrotewold@nyrr.org.



Dat heescht dass ech bei +/- den éischten 100 fortlafen.
Da muss ech nach e bessen trainéieren.


Méi 16.10. 7 km GANZ lues, Zéien am Been
Dë 17.10. 0 km, Kiné
Më 18.10. 25 km DL

lundi, octobre 16, 2006

Aïaïaï

Zerrung Ischio, mol kucke wat de Kiné seet.
En attendant:

dimanche, octobre 15, 2006

Gudd Woch, mee...

Dat war eng excellent Woch. Gudd Gefill, gudd Zäiten, ausses Sonndes.
Op flaacher Streck kéint ech d'Fenster op 2h36'-2h38' begrenzen.
Allerdings hune ech mer (wahrscheinlech en Donneschden) eng Zerrung gebaut, an et zitt kräfteg uewen am Been. Den nächsten Training probéieren ech 1h op 5'30''/km ze lafen, ouni dass et wéideet. An eréischt da gesi mer virun.

Méi 09.10. 15 km DL
Dë 10.10 26 km, 10+7 km-> MT (36'10''-500m P - 25'34'')
Më 11.10. 17 km DL
Do 12.10. 24 km, 10x1000m-3'19''(3'11'') - 500 m P
Fr 13.10. 15 km DL
Sa 14.10. 22 km DL, mat 5 Steigerungen
So 15.10. 37 km DL, dovun déi lescht 12 km séier (+/-3'50''/km, allerdings op 15 km + 4' <-> 2004, Puls och méi niddereg, net am Rouden)

J-21

lundi, octobre 09, 2006

J-28

Et war einfach mol säukal.

4°C


An décken Niwel iwer ronn 20 km. 3'50"-3'55" / km lafen sech am Fong ganz agreabel, souguer no 30 km. Nächste Sonnde probéieren ech, déi lescht 20' bis 3'40"/km erofzekommen. Plein gaz.
Më 04.10. 17 km DL
Do 05.10. 25 km, 2x8 km->3'40"/km - 4'P
Fr 06.10. 15 km DL
Sa 07.10 22 km DL, mat 5 Steigerungen
So 08.10. 37 km, lescht 40' MT



jeudi, octobre 05, 2006

Pre-impressions


Vum Empire State Building no Nordwesten. Beim Chrysler Building ass och iergendwou den Hotel. Am Hannergrond d'Queensboro Bridge.


An elo emgedréint an d'Sonn ausgemaach. Déi 2 Héichheiser am Hannergrond hun se eis frendlecherweis eweggemaach.

mercredi, octobre 04, 2006

Champions !!!

No eisem Appel gouf den Interclub-Classement vun der Route du Vin revidéiert.
Mam Resultat, dass d'Fola elo Champion ass. Mat 3 Portugiesen ! (héhé).
Déi därfen dann 2007 op d'Coupe d'Europe de semi-marathon (meeschtens a ... Portugal)

Dë 04.10. 23 km, 6x2000m->7'- 500m P, vill Reen

mardi, octobre 03, 2006

RAMAALA an LEL

Nom Tergat also och nach Ramaala a Lel.
Elo kréien ech et nach méi schwéier, op de Podium ze kommen...

http://www.worldmarathonmajors.com/US/news.php?newsid=94

Säuwieder


Haut ass et erem esou wäit.
Déi flott Traininger am Schloreen sin ZUPPA. Et solle 6x2000m gin, wee weess wat doraus get.
Bei dene Bedingungen huet ee scho guer keng Loscht. Vläit get et jo e besse besser...

Sa 30.09. 22 km DL

So 01.10. 37 km DL, déi lescht 30' op +/-3'50"/km

vendredi, septembre 29, 2006

10x1000m

Dat ass eng Séance, deer hätt ech am Juni-Juli missen dohileen. Souguer wann se "nemmen" an 3'20'' sin, an d'Paus (bis 3'30'') ze laang ass, gudd ass et trotzdem. Allerdings sin 12 Stéck relativ utopesch, virun allem, wou et déi nächste Kéier 2 Deeg no enger harder Séance wärd sin (3h crescendo oder 2x8km MT), des Kéier hat ech virdrun 3 DL gemaach.
Do 28.09. 24 km, 10x1000m->3'20'' (lescht 3'14'') - 3'-3'30'' P
Fr 29.09. 15 km DL

jeudi, septembre 28, 2006

Kuerz Erhuelung

Déi lescht 3 Deeg hun ech jhust locker Dauerleef gemaach, fir eng kleng Erhuelung no der RdV ze kréien. Den Owend geet et dann nees mat 8-10x1000m drun. Anscheinend si Portugiesen an der Equipe fir en Interclub net immens erwënscht, op jidde Fall gi mer mol an Appel. Méi Präzisiounen eng nächste Kéier. Am Prinzip stin elo nach 3 voll Wochen (+/- 150 km/W) um Programm, an da komme schon déi éischt erhuelsam Deeg. Wann net iergendeppes schief geet...
Méi 25.09. 15 km DL lues
Dë 26.09. 21 km DL, 4x 150m Steigerungen
Më 27.09. 17 km DL, all 10' eng Steigerung

lundi, septembre 25, 2006

Ich bin drin !!!


D'Route du Vin war dest Joer kee Flop. 1h20' no enger 145 km-Woch , méi war net dran. Et war warm, dat dierft awer näischt um Resultat geännert hun, am Puls war ech nie iwer 171. Wat och heescht, dass et an de Been net gaangen ass, aus Middegkeet. Ziel erreecht, Volume gehalen, elo 3 Deeg Dauerleef zur Regeneratioun, an da geet et an de leschte Mount. D'Fenster get konkret:
2h38'-2h45', fir den Tracet NY: 2h41'-2h46'. 62,5 kg!!!

Dë 19.09. 23 km, 6x2000->7'00''(6'54'')-500 m P
Më 20.09. 18 km DL
Do 21.09. 24,5 km, 3x5000m->18'45''-500 m P
Fr 22.09. 15 km DL
Sa 23.09. 17,5 km DL
So 24.09. 34 km, Route du Vin ->1'20'11'' (37'28'' - 1h16'00''), Puls 0-10 km: 163-170
Puls 10-20 km:171-168

Berlin Berlin wir fahren nach Berlin

mardi, septembre 19, 2006

J - 50

Dë 12.09. 20 km, 10x400->76'' + 5x300->56''
Më 13.09. 16 km DL
Do 14.09. 22 km, 8x1000->3'21'' - 500m P
Fr 15.09. 15 km DL
Sa 16.09. - (Verhärdung Wued)
So 17.09. 36,5 km DL, dovun déi lescht 20' Gas
Méi 18.09. 15,5 km DL

mardi, septembre 12, 2006

Traintrain

Haut hun ech keng Loscht. Kee Wonner, et sollen 8-10x1000 gin (mäi Lieblingstraining). Mee eise Josi ass mat de Bouwen am Europapark, lo kucken ech mol, wat den Antonio well maachen. Et gin dann entweder 20x400, 8x1000 oder 5x3000. Derlanscht kommen ech souwisou net.

Méi 04.09. 15 km, lescht 2 km méi séier
Dë 05.09. 19 km, 20x1'05'' séier, 1'15'' P
Më 06.09. 21 km, mat all 10' enger Steigerung
Do 07.09. 21 km, 1'-2'-3'-4'-5'-6'-5'-4'-3'-2'-1' séier
Fr 08.09 éischt Paus no 5 Wochen
Sa 09.09. 22 km, dovun 70' séier
So 10.09. 36 km DL, 2h52'
Méi 11.09. 17 km DL, all 10' eng Steigerung

dimanche, septembre 03, 2006

Texel

Wieder nana, awer wa mer heem gin, soll et besser gin (:-))

Gudde Programm, et fehlt Speed, an de Puls geet net iwer 170 (Ausdauer ok, Resistenz fehlt, dat muss ech nohuelen)
Haut no 37 km d'Box voll!

Fr 25.08. 8 km
Sa 26.08. 21 km, 65'schnell
So 27.08. 36 km
Mei 28.08. 18 km
De 29.08. 21 km, 12x2'30''- 2'30''P
Me 30.08. 21 km
Do 31.08. 22 km, 7x7'schnell-3'P
Fr 01.09. 21 km
Sa 02.09. 21,5 km, 70'schnell
So 03.09. 37 km

mercredi, août 23, 2006

Endlech Vakanz

Elo kann ech dann och lassleen. Am Schnëtt sin ech scho bei 140km/Woch ukomm. Just d'Tempoleef sëtzen nach net. No der Vakanz dierft dat sech och besseren.

Fr 18.08. 9,5km DLreg., owes Sauna
Sa 19.08. 20 km, dovun 1h schnell (Puls 155-175)
So 20.08. 33km DL
Méi 21.08. 17 km DL
Dë 22.08 22 km, 6x2000m->7'10''- 3'P (net voll, kann dat nach net)
Më 23.08.18 km DL
E Freide geet et op Texel.

jeudi, août 17, 2006

Et geet virun

Haut sin ech dem G.O. fir NY begéint. Läut him kréien ech eng gudd Plaatz...

Méi 14.08. 17,5 km DL
Dë 15.08. 22 km, 6x6'schnell-3'P
Më 16.08. 16,5 km DL
Do 17.07. 21 km, 12x2'schnell, 2'45''P

lundi, août 14, 2006

Esou leeft ee Marathon : mam Kapp!










Do 10.08. 19 km, 3x12' schnell, 5'P
Fr 11.08. 10,5 km Erhuelung, owes Sauna
Sa 12.08. 19,5 km, dovun 1h schnell (Puls 155-175)
So 13.08. 31 km DL

mercredi, août 09, 2006

1912-2006

Eddi Boma

Dë 8.8. 18 km, 10x2' licht biergop, 2'50''-3'P
Më 9.8. 15 km DL

lundi, août 07, 2006

August, lo get et Zäit










No enger Sehnenentzündung ennert dem Knéi( Juni-Ufank Juli), enger zolitter Zerrung un der Wued (Mëtt Juli) an engem Virus déi lescht Juliwoch geet et elo endlech nees lass. 2h10 e Sonnde loossen hoffen, awer a punkto Vitesse hun ech nach iwerhapt näischt opweises. Lo fänke mer mol mat Fahrtspiller (1-10' séier) un, dat bei 110-125 km /Woch. Dat ass natirlech vill ze vill fir den Ufank, mee et sin nemmen nach 13 Woche, an en normale Marathonprogramm huet der 12. Allerdings no 8-12 Woche Basistraining fir 10 000 m.
Surprise Surprise
13.-27.7. 210 km mat diverse Fahrtspiller a bis zu 1h50'
Do 3.8. 18 km DL
Fr 4.8. 12 km DL
Sa 5.8. 19 km DL, dovun 60' intensiv (miserable, Puls bis 180)
So 6.8. 27 km DL (2h09?)
Mo 7.8. 15 km DL

jeudi, juillet 27, 2006

jeudi, juillet 13, 2006

Juli


Elo geet et erem lass.
Hoffentlech.
2 Bobo'en iwerstanen, an Loscht mer nees wéi ze doen.

lundi, juin 19, 2006

dimanche, juin 11, 2006

mardi, juin 06, 2006

dimanche, mai 28, 2006

Pulswerter

Hei gesäit ee gudd, wéi ech d'Handbrems gezun hun:
bei 1h15' krut ech et mat der Angscht ze din, eng Verhäerdung uewen am Been an e Puls vun 174, dat war mer ze riskant. Wann et souwisou näischt ze huele get, da léisst een d'Fangeren dervun an et probéiert een iergendwéi heem ze kommen. Mission accomplie.
NY ka kommen.

Impressions marathon






d'Mary Poppins