mardi, janvier 31, 2006

AUA II

Haut get emol nees gepaust, trapof deet et nämlech wéi. Aner Leit, aner Problemer:


Kuckt mal, ohne Tchäne!

Dë 31.01. 0 km

lundi, janvier 30, 2006

AUA

Haut nemme 7 km mat vill Krempes (eng Eil war och derbäi). Déi riets Achillessehn wëll wierklech net, sou wéi am Abrëll '05. Direkt eng Naproxen 500 an Äis drop. Haut nach Anti-Inflammatoires aus der Apdikt (Anna: Dapdip) erbäigeschleeft. Hoffentlech ass et muar besser. Ee Gléck: des Woch ass Erhuelung ugesoot.
Méi 30.01. 7 km DL ganz lues

dimanche, janvier 29, 2006

Partie Gros Volume ofgeschloss


2 Wochen mat iwer 130 km hannert mer. Haut 31km ouni Problemer. Allerdings froen ech mech, wéi eng Achillessehn ka wéidoen,well e Schung net fest genuch gestréckt ass. An e Panzschlag hun ech och mol nees fäerdegbruet.
Lo heescht et, iwer e Mount nach e bösse méi schnell a resistent ze gin.






So 29.01. 31 km relax, 2h25'

samedi, janvier 28, 2006

Gudd drop

Et geet esou gudd, dass ech eppes muss änneren. Entweder eng lues Séance duerch eng méi schnell ersetzen, oder deegweis verduebelen, och wann et nach ze fréi ass(anze kaal). Schaunmamal. Fr 27.01. 15 km relax, mee net lues. Sa 28.11. 22 km, dovunner >1h crescendo am Bësch(150-175 bpm). Leschten Deel um 2km- PC: 8'06''-7'52''


Coolt Buch: Thomas Hoepker, Photographien
Schirmer / Mosel, Nov. 2005



jeudi, janvier 26, 2006

Kaaaal II

Heavy training, an dat bei -2°C:déi éischt 2000 war e bëssen ze séier fir déi Bedingungen.
Mee mam Antonio leeft et sech am Moment gudd, bei der 3. ass e mer souguer entwutscht, an ech war bal platt. Déi lescht hun ech du gepecht: lescht 1000 an 3'18''. Leider nees mat vill Stress verbonnen.

Do 26.01. 18 km, 4x2000m=>6'52"-6'46"-646"-6'42" 500m Paus

mercredi, janvier 25, 2006

Kaaaal

T'as frësch, seet de Max.
D'Fangere fréieren an den éischten 10 min of, derno get et besser. -3°C um 12:oo an der Sonn.
Hun eng flott Säit fond:http://www.tiouz.fr/, leider ass en e bësse lues.

Më25.01. 15 km DL am Bësch

mardi, janvier 24, 2006

Erhuelung

Lo maache mer mol e puer Deeg lues. Da fillt ee sech besser, an d'Form kënnt méi spontan.

Méi 23.01. 11 km ganz lues, mat enger Eil an engem Hundschwanz.
Dën 24.01. 18 km, 20x200m=>35''-36'', 45-50''P(100m), net midd.

dimanche, janvier 22, 2006

News from Austria

http://www.fla.lu/2006/060121/fla_media_information_060121%20.pdf

Reschpekt

22.01. 31 km DL (2h21')

Sou e Scanradio ass eppes Praktesches.Besser wéi MP3

samedi, janvier 21, 2006


Sa 21.2. 21 km, dovun 15 km crescendo 155-175 bpm, 4'o5"-3'35''
ustrengend, well um Schluss biergof

Fr 20.2. 15 km DL Erhuelung

Do 19.2. 20 km, 3x3000m 10'45''-10'25"-10'23" 500m Paus
gudd drop, den Antonio ass matgaangen

jeudi, janvier 19, 2006

News from Haïle

Reschpekt


Më 18.2. 15 km DL Erhuelung, dofir Strooss ouni Koppen

mercredi, janvier 18, 2006

Ulafproblemer

klodizodi goes ny
Firwat geet de blöde Blogger for Word Add-in net?

Neen, ech sin net de Steve Burns vun Clue and Blue Posted by Picasa

Route du vin 2005 Posted by Picasa

Säuwieder

Mer hun et trotzdem iwerliewt.
5x(1000-500-) (- = 200m Paus)
3'20"-3'25" - 1'34"-1'36"
Dest war déi 2. Kéier dass ech de Jongen eng Leçon gouf.
Mol kucken...Schwalbe Sommer

Blöde Pull am Eck.
De Josi sot: 2 Säck Beton an d'Lach.
Dat wier et dach...

mardi, janvier 17, 2006

Eischten Test


Sou lo geet et gläich lass. Den Owend fänke mer un.