lundi, mars 27, 2006

Wat soll een dovun halen?

Lo hun ech mer och nach eng gin: méindes moies um 6h, ier ech sollt op Lausanne fueren, wollt ech nach e klengen erhuelsamen DL maachen. Op emol huet et an der Wued gezun, an ach hat sou wéi e Krämpchen, deen dann awer mat enger Dehnung fir 5 min eweggangen ass. Derno alledrings och net méi. Owes hun ech et da léiwer si gelooss, an dun dënschdes och näischt gemeet. Mëttwochs ass et dunn bei engem luese 15er gaangen, an sou lues war e guer net. Donneschdes bei de Kiné, ech hat Chance. Den huet mer gudd wéi gedoen a gemengt, et wier eng Zerrung. Samschdes a Sonndes konnt ech dunn normal trainéieren, allerdings huet d'Sprëtzegkeet gefehlt. Ausdauer guer kee Problem, mee fir e Sonnden zu Dideleng (10 km) gesin ech schwarz. Mecht näischt, dat ass jo och net Ziel. Chance hat ech trotzdem, emmerhin goufen et nach ronn 95 km déi lescht Woch (amplaatz 150). Ab 3.4. sollen dann 2 Wochen à fond kommen.

Fr 16.3. 15 km lues
Sa 17.3. 22 km, dovun 1h10' méi séier
So 19.3. 25 km DL lues an och manner lues ( h.P.)
Mé 20.3. mueres 10 km DL (Zerrung), owes -
Më 22.3. 16 km DL
Do 23.3. Kiné
Fr 24.3. 16 km DL, zum Deel méi séier (25')
Sa 25.3. 21 km, 20x1'15'' séier, 1'45''P
So 26.3. 36 km, 2h53'
Mé 27.3. 15 km DL, vill Reen

mercredi, mars 15, 2006

Volles Rohr

Am Moment get aus alle Positioune geschoss: Kilometere machen heescht dat.
An ech verdroe se gudd. En Donneschde gesin ech bei den 1000er, ob ech net ze midd gin.
An dobäi war ech och nach ziemlech vill ennerwee,déi nächst Woch och.
Ziel si ronn 300km an 2 Wochen.

Méi 13.03. mueres 12 km, owes 15 km (duerch preisesch Tubaksfelder)
Dë 14.03. 26 km, déi lescht 4 km op 4'/km
Do 15.03. 22 km, 8x1000m->3'18'' (2'P)
Fr 16.3. 15 km DL

dimanche, mars 12, 2006

Minimalziel erreecht

Dat ware 35 min. Den Emstänn no kann ech zefridde sin: -2°C, Wand, an einfach net warm, hun ech awer 34'48'' ronnbruet, ouni ze forcéieren. De Josi hat méi Chance: heen hat no 2 km emgesat, an doduerch de richtege Grupp eremkritt. Ech hat gehofft, dat am Train ze machen, leider gouf näischt dräus. Duerno gouf ech duerch déi säublöd falsch Kilometersteng nemmen duercherneen. Mee ech mengen, domat kann ech an 3 Wochen zu Diddeleng 1 min méi séier lafen.
http://postlaf.rtl.lu/resultats/

Do 09.03. 18 km, 15x200->36'', 200m P, duerno 4 km 15'40'' (Puls 162)
Fr 10.03. 10km DL
Sa 11.03. 8km DL
So 12.03. Postlaf: 22 km, 10km-> 34'48'' (3'15''-6'40''-10'12''-17'10'', duerno km an
3'15'' bis 3'51'' (?))

mardi, mars 07, 2006

Dat gesäit gudd aus

Haut hu mer 4x3000m gemaach, den Antonio war jeweils 2-3'' viru mer. Heen ass am Moment am beschten drop a wäerd e Sonnden e gudde Postlaf dohileen. Wann ech meng Séance mat dene vun de leschte Joer vergläichen, da leien ech nees am Beräich vun 2h35'. Dat versprecht.
Neit Ziel:

http://www.europe-nikon.com/details.aspx?countryId=3&languageId=3&prodId=1100&catId=91
Méi 06.03. 10 km DL lues, 8x100 m gesteigert
Dë 07.03. 22 km, 4x3000m->10'20'' (500mP)
Më 08.03. 15 km DL Tauwetter

dimanche, mars 05, 2006

Relax !

Sou.
Lo ass en éischte Block ofgeschloss. Allerdings mat manner Volume wéi erhofft. Op der enger Säit verdroen ech d'Quantitéit net méi sou gudd, op der anerer war et net einfach, iwerhapt eppes ze machen, bei dem Schnéi. 140 km sin trotzdem erauskomm. E relaxen 30er huet dat Ganzt ofgeronnt. An elo si meng Lieblingen erem do, dann ass et och net méi sou onkomplizéiert.
Elo erhuelen ech mech 2-3x, an da kucke mer beim Postlaf, wat dat wert ass.
An eis Webcam geet och, ech hun eng Direktleitung mam Häpo:

Fr 03.03. 15 km DL lues (vill Schnéi)
Sa 04.03. 20 km Schnéi (bis 30 cm), dovun 55' séier (Puls bis 165 bpm)
So 05.03. 31 km DL lues (Stross, mam Antonio)

jeudi, mars 02, 2006

Strohwitwer


Endlech Rou!
D'Anna hält mech allerdings och déi puer Stonnen, wou ech net schaffen, op Trab.
Elo läit och nach vill Schnéi, dat mecht alles nach e besse méi komplizéiert.

An dat hei get déi leschte Foto fir eng Zäit, den Apparat huet duerno de Geescht opgin.


A jo, d'Webcam geet och. Mee doriwer déi nächste Kéier méi.

Dë 28.02. Mueres 8 km, owes 15 km, 2x(10x200m)->36''
Më 01.03. 15 km DL
Do 02.03. 22km, 8x1000m->3'17''-3'20'' (net sprëtzeg), 2'P