vendredi, avril 28, 2006

Blog verluer

D'lescht Woch hat ech nei geschriwen, an elo muss ech feststellen, dass den Text net geuploadt gouf. Also nach eng Kéier. Den 3tten 3-Wochen-Zyklus (vu 4) leeft besser of ewéi den 2ten, ech si manner midd. Ech verdroe 16-18 km an der Mëttesstonn besser wéi mueres 10 + owes 12 km. D'Erhuelungswoch ass och gudd komm, souguer op gewollter Plaz. Och den éischte Crescendo-Laf (éischter eng Endbeschleunigung) war net ze ellen. Hei déi rezent Séancen:

Do 13.04. 25 km, 2x7 km Marathon-Tempo (3'38''/km), 4'P
Fr 14.04. 14 km DL
Sa 15.04. 22 km DL, dovun 1h10' séier (bis 4'/km)
So 16.04. 36 km DL mam Rachid
Méi 17.04. 9,5 km Regeneratioun
Dë 18.04. 22 km Fahrtspiel, 15x2' séier mat 3'Paus
Më 19.04.12,5 km DL
Do 20.04. 23 km, 2x8 km MT (3'38''/km)
Fr 21.04. Paus (ou hei)
Sa 22.04. 21 km DL
So 23.04. 37 km DL, dovu 17' séier
Méi 24.04. 16,5 km DL
Dë 25.04. 21,5 km, 8x1000m->3'20''-3'14'' (lescht op 3'10'')
Më 26.04. 16 km DL
Do 27.04. 26 km, 10 + 8 km MT (3'37''-3'40''/km)
Fr 28.04. 16km DL

De Josi ass iwregens e Super-Trail gelaf, gouf trotz engem Irtum um Parcours 3., an d'Zäit schwätzt fir d'Härt vun der Course.
Resultater op http://users.skynet.be/patnic/resultats42.pdf
Fotoen op http://www.la-bouillonnante.org/photogallery1/v/La+Course/

lundi, avril 24, 2006

Silberstreifen

Et geet biergop. Geschter sin ech 37 km gelaf, woubäi déi lescht 4,5 km décke Gas waren. Bei 30 km war ech immens midd, an trotzdem koum eppes. Am Roude Beräich sin ech allerdings net gelaf. Dat heescht also, dass d'Form um Kommen ass. Ausserdem waren déi lescht Séancen am Marathon-Tempo (2x7km, 2x8km) nemme ronn 5''/km méi lues wéi am Referenzjoer 2004. Da misst ech am Marathon können 3'45''/km lafen, amplaz 3'39''. Mat 2-3 kg manner dierft dat dann dra sin. Elo kommen nach 2 Woche mat Volume an Intensitéit (keng 160 km méi, soss packen ech d'TL net), an da get sech 2 Wochen erholl.

jeudi, avril 13, 2006

Nei Perspektiven

2007:

http://www.leica-camera.com/digitalekameras/c-lux1/index.html

Fr 07.04. mue 3,5 km, më 13,5 km DL
Sa 08.04. 22 km, dovun 1h10' méi séier
midd, konnt de Rythmus net erhéigen
So 09.04. 36 km DL, erstaunlech frësch derno
Méi10.04. 16 km DL
Dë 11.04. 22 km, 20x200m->36''(100mP), derno nach zügeg
Ech hat de Josi net verstanen, heen huet 30x200m gemach
Më 12.04. 17 km DL

vendredi, avril 07, 2006

Onsprëtzeg

Lo sin ech voll an der Préparatioun, mat alle Konsequenzen: et get knaschteg. Emmer midd, Puls emmer 10 iwer normal, an ech si geschter bal de Gaalgebierg net eropkom... Duerfir stemmt awer bis elo de Voluame. Den TDD war ok, ausser der Endzäit. Mee bei dem Wand, an dann nees de gudde Grupp verpasst. Midd war ech net immens, ausser de leschte km. Resultat + Fotoen: http://www.cadudelange.lu/events/tdd2006.html a



Et wäert eng gudd Woch gin.
Fr 31.03. 10 km DL
Sa 01.04. 10 km DL
So 02.04. 22 km, TDD, 34'44''
Méi 03.04. mue 10 km, ow 12 km DL
Dë 04.04. 24 km, 3x20' (2kmPC->7'55'')
Më 05.04. mue 10 km (WI), ow 12 km
Do 06.04. 21 km, 8x1000m->3'18''- 500m P

samedi, avril 01, 2006

Leschten Test ?


E Sonnden hun ech mäi leschten Test, J-8 Wochen, allerdings virun denen décke Wochen (am Plang si 6 (2x3) Wochen mat 800-850 km, am Stil 150+ - 150 - 110+.Wat um Enn erauskënnt, ...GEIER. Mee ech hu mer virgeholl, keng weider Course ze lafen. Hallefmarathon ass zevill ustrengend, a Stress mecht och kee Spass.

Dë 28.03. 22 km, 3x3000 + 1x2000m->10'27''+6'55'', Säuwieder, keng Loscht, a keen den zitt
(de Josi hat sech alt wéinstens Méi gin...)
Më 29.03. 16 km DL
Do 30.03. 20 km, 2x1'20''+8x1' biergop StroossWaldschoul, Paus erof, Säuwieder, duerno
nach 1,5km méi séier
Fr 31.03. 10 km lues
Sa 01.04 10km gemiddlech